414 View(s)
Vun der éischter bis déi läscht Sekonn...

Vun der éischter bis déi läscht Sekonn...

Fir d’Pikes-Dammen a fir d’Pikes-Hären huet déi nei Saison gutt ugefaangen. Déi zwou Ekippen hunn e Samschdeg den Owend zu Briedemes géint Résidence Walfer gewonnen: d’Damme mat 68:59, d’Häre mat 95:71.



Béid Ekippen waren an hire Matcher vun der éischter bis déi läscht Minutt vir an déi Féierung war während deene 40 Minutten och ëmmer ganz kloer. D’Dammen haten ee Moment eng Avance vun 23 Punkten, d’Hären ware sechs Minutte viru Schluss esouguer 33 Punkte vir.



Déi zwee Traineren – de Frank Baum bei den Hären, de Jacques Sitz bei den Dammen – hunn dovu profitéiert an och déi méi jonk Spiller a Spillerinne vill op den Terrain geschéckt. Bei den Dammen huet iwwregens och d’Irina Mazjoukhina gespillt, nodeems d’Chrissie Fisher mat enger Verletzung ausgefall war.



Am Damme-Match waren d’Cathy Schmit (23 Punkten) an d’Akilah Bethel (18) déi bäscht Scorerinnen. Bei den Häre Match war och am éischte Match den Jarmar Gulley direkt on fire (mat 28 Punkten). Gudd getraff hunn och nach de Clancy Rugg (18), de Christophe Donnersbach (15) an den Joe Kalmes (12).



Den nächste Samschdeg spillen déi 2 Pikes-Ekippen zu Diddeleng. D’Matcher géint den T71 gi, wéi gewinnt, um 18.30 Auer (Dammen) bzw. um 20.30 Auer un (Hären).