13 Punkten an 128 Sekonnen

13 Punkten an 128 Sekonnen

Egal wéi héich de Virsprong ass – an engem Basketsmatch soll een net schonn zwou oder dräi Minutte virum Schluss heem oder an d’Buvette goen. Dës Wourecht huet sech e Samschdeg och am Centre Atert zu Bartreng bestätegt. Zwou Minutten an aacht Sekonne viru Schluss also war am éischte Match vum Playoff d’Sparta 73:66 géint d’Musel Pikes vir. Dat war – am Prinzip – jo e komfortabele Virsprong



Dem Frank Baum seng Equipe hat bis dee Moment en éischter duerchschnëttleche Match ofgeliwwert. D’Sparta huet aggressiv gekämpft an et ëmmer nees fäerdeg bruet, sech liicht ofzesetzen. Derbäi koum, datt de Clancy Rugg am Ufank vun der zweeter Halschent ëmgeknéckst war an duerno net méi konnt spillen.



Gutt zwou Minutte virum Schluss huet d’Sparta – deen Androck konnte e kréien – dunn awer kollektiv decidéiert, mam Basket opzehalen. Mat engem Dräier vum Laurent Schwartz hu sech d’Pikes zréckgemellt. No engem Dunk vum Jarmar Gulley an engem weideren Dräier vum Jean Kox stoung et 1,5 Minutte viru Schluss 74:74. D’Sparta war paralyséiert an d’Pikes hunn an deene leschten 90 Sekonnen mat 5 weidere Punkte vu Jarmar Gulley, Jean Kox an Tom Welter de Match definitiv gedréit. An anere Wieder: D’Pikes hunn an 128 Sekonnen d’Sparta mat engem 13:3 ausgespillt.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (24 Punkten), de Jean Kox (16), de Clancy Rugg (14) an de Laurent Schwartz (11).



Hiren nächste Match am Playoff spillen d’Pikes e Samschdeg, 18. Februar um 20.30 Auer zu Briedemes géint Etzella Ettelbréck. D’Pikes-Damme spillen dann um 18.30 Auer och géint Ettelbréck.