94:78 - Pikes wannen och géint Hiefenech

94:78 - Pikes wannen och géint Hiefenech

Mat 94:78 hunn d’Pikes e Samschdeg zu Briedemes de Match géint Hiefenech gewonnen. D’Resultat as nach manner däitlech wéi de Spillverlaf. Hiefenech huet an deenen éischte Minutte gudd matgehalen – duerno hunn d’Pikes dunn awer an der Offense en Zand zougeluet an no den éischte 20 Minutte stung et schon 53:37.



Dobäi hat sech de Clancy Mac Rugg schon no genee 9 Minutten um lénke Fouss wéih gedoen – hie konnt duerno nët méi weiderspillen. Trotzdem as de Pikes-Zuch weidergerullt. An zum Schluss haten ëmmerhin 10 Spiller Punkte gemat. Déi meeschte Punkte koume vum Jarmar Gulley (23), dem Joe Kalmes (19) an dem Clancy Mac Rugg, deen eleng an deenen éischten 9 Minutten 14 Punkte op sengem Konto hat.



Opfalend um Match vun e Samschdeg war awer och, datt jonk Spiller wéi de Raphael Martin an den Tim Schomer ëmmer besser mathale kënnen an datt och den Tom Steffen no senger langer Verletzungspaus zréck as.



Vun deenen éischten 8 Matcher hun d’Pikes der deemno 6 gewonnen. Zesumme mat Diddeleng sti si elo an der Tabelle op der zweeter Plaz. Den nächste Samschdeg kënnt et deemno zu Diddeleng zu enger Zort Hi-Ronne-Spëtzematch: Um 20.30 Auer spillen den T71 an d’Pikes géint eneen.