Amicale wënnt éischt Finale mat 88 :69

Amicale wënnt éischt Finale mat 88 :69

Knëppeldeck koum et zum Schluss vun dem drëtte Véierel fir d’Musel Pikes an der éischter Finale géint Steesel. Dee Moment haten de Jarmar Gulley an den Enosch Wolf jidderee scho véier Fehler – den Trainer Frank Baum huet si op d’Bänk geruff. Bal dee selwéchte Moment huet séch de Laurent Schwartz dunn och nach bei enger Attack wéih gedoën a konnt nët méi weider spillen.



An esou louch d’Amicale schon ugangs vum läschte Véierel mat 63:51 vir – de Match war dee Moment um Kippen. Dobäi hat dës éischt Finale zu Steesel an der Hal nët esou schlecht fir d’Pikes ugefangen. D’Amicale huet wuel déi zwee éischt Véierele gewonnen (mat 24:20 a mat 23:20), mee d’Pikes hunn et awer déi ganzen Zäit fäerdech bruet, op "Schlagdistanz" ze bleiwen.



Um Ufank vum läschte Véierel sinn d’Pikes nach eng Kéier op 8 bäikomm. Allerdengs huet virun allem ëmmer nees de Billy Mc Daniel et fäerdech bruet, Punkten ze maachen. Am ganze Match huet hien der 36 geschoss. 6,5 Minutte virum Schluss louchen dunn op eng Kéier scho 15 Punkten tëschent der Amicale an de Pikes. Déi läscht Minutte waren éischter eng Formsaach – no 40 Minutte stung et 88:69.



Bei de Pikes war den Jarmar Gulley mat 25 Punkten Top-Scorer. Gudd getraff hunn och de Jean Kox (14), den Enosch Wolf (12) an de Christophe Donnersbach (9).



Déi zweet Finale geet den nächste Samschdeg um 20.15 Auer zu Briedemes un. Eppes as elo scho sécher: Et gët deen Héichpunkt vun deene läschte Joeren an d’Hal wäert strubbelvoll sinn. D’Fans vun de Pikes wäerten nach méi Stëmmung maachen wéi dëse Mëttwoch zu Steesel. Nom Match as an dësem Fall virum Match.

Méi Fotoen an der Gallery

http://www.pikes.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=1025