An elo an d‘Coque

An elo an d‘Coque

Nee. Iwwerraschungen huet dee leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn aus Pikes-Sicht keng bruet. D’Pikes-Dammen an d’Pikes-Hären hunn auswäerts gespillt – allen zwee bei deene leschten aus der Tabell. Entspriechend kloer sinn dann och d’Resultater ausgefall.



D’Pikes-Dammen hunn um Holleschbierg mat 64:45 géint den Telstar Hesper gewonnen. An d’Pikes-Hären hunn zu Bascharage den Hedgehogs keng Chance gelooss: No 40 Minutte stoung et 94:63. Besonnesch sinn do dem Laurent Schwartz seng 22 Punkten opgefall; am zweete Match no enger Verletzungspaus vun 8 Méint huet hien ëmmerhi sechs Dräier versenkt.



Déi zwou Pikes-Ekippen hunn dëst Joer ouni Problemer de Playoff erreecht. D’Hären-Ekipp steet an der Tabell op der zweeter Plaz. Dem Frank Baum seng Ekipp huet 33 Punkten – also just ee manner wéi d’Amicale Steesel. Virun allem awer hunn d’Pikes-Hären 3 Punkte méi wéi deen Drëtten (d’Etzella) a scho 5 Punkte méi wéi de Fënneften (Contern). Och wann d’Punkten elo gedeelt ginn, ass dëst eng komfortabel Avance am Hibléck op de Final Four.



D’Pikes-Dammen hirersäits sinn an der Tabell déi Drëtt – hannert der Amicale Steesel an dem Basket Esch. Dem Jacques Sitz seng Ekipp huet 24 Punkten – dat sinn der zwee manner wéi Steesel. D’Pikes hunn awer 4 Punkte méi wéi d’Etzella op der fënnefter Plaz.



Besonnesch wichteg gëtt fir d’Pikes deen nächste Weekend. An der Coque spillt d’Hären-Ekipp e Samschdeg, 4. Februar an der éischter Halleffinall géint de Basket Esch. Dee Match fänkt um 20.15 Auer un.