Babybasket-Prépoussin(e)s zu Contern um Tournoi

Babybasket-Prépoussin(e)s zu Contern um Tournoi

Den Babybasket war de weekend zu Contern op engem flotten Tournoi. Fir vill Kanner waren et déi éischt Matcher, déi si gespillt hunn. Si hunn dat super gemeeschtert an am ganzen 2 Matcher gewonnen an 2 verluer. Vue dass dräi Ekippen 2 Matcher gewonne an 2 Matcher verluer hunn, hunn se Punktendifferenz gekuckt. Dofir sinn mer just déi 4. ënnert 5 Ekippen ginn. Mee eis Kanner hunn super gekämpft an ni opginn.
D‘Céline, d‘Lara an d‘Lisa sinn stolz op deenen Klengen hier Leeschtung.
Mir soen och dem AB Contern een groussen Merci, dass si deenen klengen Kanner d’Méiglechkeet ginn fir en Tournoi ze spillen.

Mee och d'Pré-Poussins an Pré-Poussines waren op hirem leschten Tournoi fir dës Saison zu Contern an hunn sech gutt amuséiert.

Mir wënschen Iech alleguer eng schéin Vakanz.