Christine FISHER - Akilah BETHEL

Christine FISHER - Akilah BETHEL

D'Chrissie Fisher an d'Akilah Bethel verstäerken dëst Joer d’Dammenequipe vun de Pikes. An der leschter Saison hate mer op den Auslännerpositioun net vill Chance. Dat soll sech elo zum positiven änneren an dierft och net schwéier sinn.

D’Chrissie huet no enger Paus erëm Loscht um Basket spille kritt. D’Pikes hunn mat him vill flott Stonnen erlieft an eng Réi Titele gewonnen. Mir hoffen dass mer erëm un déi Zäiten uknäppe kennen.

Dofir kennt an dëser Saison och d’Akilah Bethel bei d’Pikes. Hatt ass eng polivalent Spillerin déi vun der renomméiert LSU kennt an gutt an d’Equipe passt. Bis elo huet d’Akilah déi Leeschtung bruecht déi vun him erwaart ginn ass. Jiddereen ass ganz zefridde mat him an d’Akilah fillt sech och wuel op der Musel.