Damme-Finall: spannend an intensiv

Damme-Finall: spannend an intensiv

Mat 72:60 hunn déi Steeseler Dammen e Méindeg den Owend zu Steesel déi éischt Finall géint d’Musel Pikes gewonnen.



De Spillverlaf war bei wäitem net esou kloer, wéi een dat aus deem plakege Resultat kéint erausliesen. Wuel waren déi Steeseler Dammen vun der 13. Minutt u vir, am Match louch déi Avance awer meeschtens nëmme bei 6 oder 8 Punkten. An deem intensiven a bis kuerz viru Schluss spannende Match sinn d’Pikes och ëmmer nees bäikomm.



D’Pikes haten e ganz gudden Ufank erwëscht an hunn deen éischte Véierel mat 16:18 gewonnen. Dem Jacques Sitz seng Spillerinnen hunn et fäerdeg bruet, eng efficace Defense géint déi Steeseler Amerikanerin E. Morrow ze spillen an hatt zum Deel aus dem Match ze huelen. Manner positiv war, datt d’Pikes ëmmer nees Bäll verluer hunn an datt si – iwwer de ganze Match gekuckt – verhältnesméisseg wéineg Fräiwerf era kritt hunn (15 vu 24).



Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn d’Shay Winton (19), d’Akilah Bethel (16), d’Myrielle Platte (10) an d’Cathy Schmit (9) gemat.



Déi zweet Finall gëtt e Samschdeg, de 6. Mee um 19 Auer zu Stadbriedemes gespillt.