Dammen an Häre wanne géint Etzella

Dammen an Häre wanne géint Etzella

77:67 am Häre-Match, 79:68 am Damme-Match. Géint Etzella Ettelbréck hunn déi zwou éischt Equipe vun de Pikes e Samschdeg den Owend (12. Dezember 2015) näischt ubrenne gelooss. Si hunn allebéid hire Match gewonnen.



Dobäi war den Dammen hire Match eppes méi enk wéi dee vun den Hären. Véier vun de Pikes-Spillerinnen hunn 10 oder méi Punkte geschoss (Magaly Meynadier 22; Hope Elam, 20; Cathy Schmit, 13; Erica Barnes, 12).



„Serréiert“ war och den Ufank am Häre-Match. D’Etzella war déi éischt Véierelsstonn vir. Duerno hunn d’Pikes awer d’Heft an d’Hand geholl. Si hunn den zweete Véierel kloer mat 22:10 gewonnen – dat war de Grondsteen fir d’Schluss-Victoire.



Staark Leeschtungen hunn e Samschdeg déi Lëtzebuerger Spiller ofgeliwwert. Mam Jean Kox (20 Punkten, 5 Dräier), Tom Welter (17 Punkten) a Laurent Schwartz (12 Punkten) koumen der dräi iwwer 10 Punkten. De Jarmar Gulley huet 14 Punkten geliwwert, de Clancy Rugg der 9. Zesumme koumen de Jarmar an de Clancy awer och op 20 Rebondsën. Iwwerhapt hunn d’Pikes och eng stark Defense gespillt.



Mat deser Victoire festegen d’Pikes hir 3. Plaz an der Tabelle (hannert der Amicale an dem T71).



Des Woch stinn zwee Matcher um Programm. E Mëttwoch an der Coupe zu Diddeleng géint den T71, e Samschdeg zu Walfer géint d’Résidence.



DEN HÄREMATCH AM LIVESTREAM KUCKEN:

http://www.rtl.lu/sport/basketball/video/show/?v=3050629