Dammen: Éischt Halleffinall en Dënschdeg, den 18. Abrëll

Dammen: Éischt Halleffinall en Dënschdeg, den 18. Abrëll

D’Pikes-Dammen hunn e Mëttwoch den Owend hire leschte Playoff-Match zu Contern mat 69:67 gewonnen. Et war e Match, an deem et nët wierklech nach em eppes gaangen as.



D’Pikes ware vun der 14. Minutt u permanent vir – alt mat bis zu 11 Punkten. Bescht Scorer waren e Mëttwoch d’Shay Winton (21 Punkten), d’Akilah Bethel (16) an d’Cathy Schmit (12). Am Match géint Contern war och d’Myrielle Platte nees derbäi.



Fest steet elo, datt d’Pikes an der Tabelle déi zweet Plaz verteidegt hunn, hannert der Amicale a viru Contern an Esch.



Schonn déi nächst Woch geet et mat den Halleffinale – géint Contern - weider. D’Pikes hunn decidéiert, déi éischt Halleffinall auswäerts ze spillen – an zwar en Dënschdeg, 18. Abrëll um 19.30 Auer zu Contern.



Déi zweet Halleffinall as dann e Sonndeg, den 23. Abrëll um 18 Auer zu Briedemes. Sollt et no deenen zwee Matcher gläich stoen, gëtt eng drëtt Halleffinall gespillt – an zwar e Freideg, den 28. Abrëll um 20 Auer och zu Briedemes.