DE  LAURENT  SCHWARTZ  HUET DECIDÉIERT SENG BASKETSSCHONG UN DE NOL ZE HÄNKEN!!

DE LAURENT SCHWARTZ HUET DECIDÉIERT SENG BASKETSSCHONG UN DE NOL ZE HÄNKEN!!

DE  LAURENT  SCHWARTZ  HUET DECIDÉIERT SENG BASKETSSCHONG UN DE NOL ZE HÄNKEN!!
 
No 14 Saisonen an der éischter Equipe war hie bal net méi bei de Pikes ewech ze denken.
Mee den Zäitpunkt kennt fir jidderee fir am Liewen nei Prioritéiten ze setzen. Dat ass elo och beim Laurent de Fall.
D'ganz Pikesfamill versteet déi Entscheedung a wënscht onsem verdéngschtvolle Spiller nëmmen dat Bescht fir d'Zukunft.
Et wäert schwéier gin fir hie mat sengem Engagement, senger Erfarung a sengem Spillwitz a nächster Zukunft ze ersetzen, mee d'Pikes hunn dofir gesuergt dat hoffnungsvoll Talenter noréckele wäerten. 
 
De Laurent selwer wëllt der Pikesfamill an enger anerer Form erhale bleiwe wat ganz begréissenswäert as. 
Méi wei 20 Joer an dem selwechte Veräin ass an dësen Zäiten extra bemierkenswäert.
 
D'lescht Saison hätt kennen de kréinenden Ofschloss gi leider ass et anescht komm an de Virus huet e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
 
Als Member vun de Jugendkadere vun der FLBB  an als Spiller bei der Seniors Nationalequipe huet de Laurent d'Pikes ëmmer würdeg vertrueden.
 
Mir wënschen dem Laurent dat hie mat dem selwechten Elan un seng zukünfteg Aufgaben erun geet.
 
En Abschid wei et sech gehéiert mache mir wann d'Situatioun et zouléisst.
 
Supporter,  Comité a Spiller vun de Musel Pikes