E Spëtze-Match – leider knapps verluer

E Spëtze-Match – leider knapps verluer

Ugangs Mee d’läscht Joer huet sech de Laurent Schwartz an der éischter Final vum Championnat 2015/2016 tëschent Steesel an de Musel Pikes schwéier blesséiert. Gutt 8 Méint an ee séieren Aller-Retour an eng Clinique op München méi spéit huet de Laurent Schwartz dëse Samschdeg zu Briedemes an der Hal säi Comeback gefeiert. Géigner war nees d’Amicale vu Steesel.



Déi Steeseler hunn e Samschdeg mat 100:93 gewonnen. De Laurent Schwartz konnt mat senger Leeschtung méi wéi zefridde sinn. Amplaz datt hie – wéi et nach de virrechte Weekend virgesi war – mat Gips a Krätschen vun der Bänk aus nogekuckt huet, huet hien e Samschdeg ëmmerhin 21 Minutte laang gespillt a gläich emol dräi Dräier versenkt. Dat war emsou méi wichteg, well de Moment och den Tom Welter verletzt ass.



Laang huet et gutt ausgesinn fir dem Frank Baum seng Equipe. Virun allem an der éischter Halschent hunn déi ronn 500 Leit zu Briedemes an der Hal flotten a séiere Basket gesinn. An der Paus waren d’Pikes mat 55:48 vir. Dee Moment hat d’Amicale den Ecart awer schonn däitlech verkierzt, well ugangs vum zweete Véierel haten sech d’Pikes en 12-Punkte-Virsprong erausgespillt.



Fatal war dunn awer virun allem den drëtte Véierel, deen d’Amicale mat 28:18 gewonnen huet. Bei de Pikes as d’Spill dee Moment net méi richteg zesumme gelaf an den Jarmar Gulley ass ëmmer nees an der Steeseler Verteidegung hänke bliwwen. Obwuel d’Pikes véier Minutte viru Schluss nach eng Kéier bäikomm sinn (90:89) hunn déi Steeseler näischt méi ubrenne gelooss. Bei der Amicale huet virun allem de B. McDaniel mat 32 Punkten iwwerzeegt.



Op den Tribünen hu sech d’Leit awer och nach wéinst enger anerer Saach zimlech fest d’Ae geriwwen. An der ganzer zweeter Halschent huet den Arbitter-Trio just ee Fehler géint déi Steeseler gepaff. Dat huet ënner anerem mat sech bruet, datt Steesel am ganze Match op 19 Fräiwerf-Punkte (vu 25) komm ass, d’Pikes awer just nëmmen op 10 (vun 13).



Bescht Scorer bei de Pikes waren de Clancy Rugg (29 Punkten), den Jarmar Gulley (21), de Christophe Donnersbach (12) an de Jean Kox (10).



OCH D’PIKES-DAMME VERLÉIERE GEINT STEESEL



Mat 56:80 hunn e Samschdeg d’Pikes-Dammen hire Match géint d’Amicale Steesel verluer. Just den éischte Véierel (20:21) war nach ausgeglach, duerno ass et deene Steeseler Damme séier gelongen, sech ofzesetzen. An der Paus stoung et schonn 30:44. Déi meeschte Punkte hu bei de Pikes d’Shay Winton (19), d’Cathy Schmit (14) an d’Akilah Bethel (11) geschoss.



Den nächste Weekend spillen d’Pikes-Hären zu Bascharage (28. Januar, 20.30 Auer). Dat ass schonn dee läschte Match vun der Virronn. D’Pikes-Damme spillen dee selwechten Dag um 18.30 Auer um Holleschbierg zu Hesper géint den Telstar.