Eng gutt an eng manner gutt Affär

Eng gutt an eng manner gutt Affär

E Sonndeg de Mëtteg hunn d’Musel Pikes zu Ettelbréck de Playoff-Match géint d’Etzella verluer; no 40 Minutte stoung et 96:79 fir d’Etzella.



Déi Ettelbrécker waren de ganze Match vir, an der Paus stoung et schonn 48:35. Just am drëtte Véierel ass et fir dem Frank Baum seng Spiller däitlech besser gelaf, no 25 Minutten hate si de Réckstand op 4 Punkte (51:47) verkierzt.



Ballverloschter an Onsécherheeten an der Defense hunn déi Ettelbrécker awer nees zréck an d’Spur bruet. D’Etzella huet séier reagéiert a séier gespillt. Virun allem an deene leschte Minutte vum Spill hunn déi Ettelbrécker nach eng Schëpp bäigeluecht an de Virsprong ausgebaut.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (34 Punkten), de Clancy Rugg (17) an den Tom Welter (10).



PIKES-DAMMEN: AN DER VERLÄNGERUNG GEWONNEN



D’Pikes-Dammen hu sech an hirem Playoff-Match géint déi Ettelbrécker eppes méi schwéier gedoen wéi erwaart. No der normaler Spillzäit stoung et 59:59, déi éischt 40 Minutte war de Match enk an ausgeglach.



An der Verlängerung hunn dem Jacques Sitz seng Spillerinnen dunn awer näischt méi ubrenne gelooss. Si wannen zu Ettelbréck mat 69:65 an hunn elo eng exzellent Positioun am Hibléck op de „Final Four“.



Bescht Scorerinne waren d’Shay Winton (25 Punkten), d’Akilah Bethel (17) an d’Cathy Schmit (12).



An der Tabelle stinn d’Pikes-Hären an d’Pikes-Dammen no desem Spilldag op der zweeter Plaz. Den nächste Weekend spillen déi béid Ekippen zu Steesel géint d’Amicale; e Samschdeg, 1. Abrëll um 18.30 Auer (Dammen) an um 20.30 Auer (Hären).