Fatalen Ufank - Pech zum Schluss

Fatalen Ufank - Pech zum Schluss

Et gëtt Matcher, an déi eng Equipe einfach net erakënnt. An et gëtt Matcher, déi sech eréischt ganz zum Schluss entscheeden. Béides trëfft op de Pikes-Hären hire Match e Samschdeg zu Esch zou.



Den Ufank vun deem Match huet d’Pikes-Equipe verschlof. Eréischt no gutt 7 Minutten huet si den éischte Kuerf geschoss. No 10 Minutte stoung et 23:5. An et ass nach méi schlëmm komm. Am zweete Véierel waren déi Escher ee Moment mat 28 Punkte vir (42:14)! Trotzdem sinn d’Pikes am zweete Véierel aus dem Déifschlof erwecht. Déi zweet zeng Minutte waren ausgeglach (23:23) an an der Paus stoung 46:28.



Am drëtte Véierel ass et du richteg spannend ginn. Mat der Equipe vu virun der Paus hat D’Pikes-Equipe no der Paus näischt méi ze dinn. Virun allem de Jean Kox, de Clancy Rugg an de Christophe Donnersbach waren op eng Kéier on fire. Si hunn aus alle Lage getraff! Deenen Escher hire Virsprong ass geschmolt wéi de Schnéi an der Sonn.



Dee Moment sutz iwwregens den Jarmar Gulley lang op der Bänk – hien hat sech séier véier Fehler agehandelt. No 31 Minutte war et dunn esou wäit. Op eng Kéier waren d’Pikes 67:64 vir. Zu Esch huet kee méi d’Welt richteg verstan. An dach as et nët duergang, fir de Match ze gewannen.



Déi Escher hu sech séier erholl a virun allem hiren Auslänner M. Latinovic huet entscheedend Punkte gemat. Bei de Pikes hu sech an där Phase an no der enormer Ustrengung eenzel Fehler an der Défense ageschlach. Zum Schluss wënnt Esch de Match mat 82:76.



Bei de Pikes hunn de Clancy Rugg an de Jean Kox jiddereen 21 Punkte geschoss, den Jarmar Gulley huet der 17 op sengem Kont gehat. Bei de Pikes huet de Kapitän Laurent Schwartz och e Samschdeg net kënne spillen, hien ass weider verletzt.



Keng Chance haten d’Pikes-Damme géint Esch. Esch huet dee Match mat 69:49 gewonnen. Just am éischte Véierel waren d’Pikes nach am Coup (14:13). Déi dräi aner Véierelen hunn déi Escher kloer gewonnen. E Samschdeg huet bei de Pikes och fir d’éischte Kéier d’Brielle Ward op der zweeter Auslännerpositioun gespillt.



Bei de Pikes hu just d’Cathy Schmit (15) an d’Carole Sitz (13) méi wéi 10 Punkte geschoss.



Den nächste Samschdeg spillen déi zwou Pikes-Ekippen zu Briedemes géint Contern.