FORMATIOUN

FORMATIOUN

Bonjour,



Nom Succès vum leschte Joer, ass d'Jugendkommissioun frou iech op eng nei Editioun vun der Formatioun "Spillbou a Chrono" ze invitéieren.



Des Formatioun ass virgesinn dësen Samschdeg 12.11.2016 em 09:30 Auer zu Stadtbriedemes an der Sportshal. D'Formatioun dauert ca 2 Stonnen. Bei Interessi kennt der iech umellen iwwer Email ob info@pikes.lu oder beim Marie-Paule NILLES, Email: nilhof@pt.lu , Tel. 621 509 176



An der 2. Spillphase vum Championnat sinn vill Equippen ze betreien well mir drop halen dat d'Kanner Matcher spillen kennen. Dofir gëtt Hëllef gebraucht a mir wären frou wann vill Elteren matmaachen géifen.



Bei weider Froen steet d'Marie-Paule iech zu Verfügung.



Leif Gréiss

D'Jugendkommissioun vun de Musel Pikes