FUESTRAINING 2017

FUESTRAINING 2017

En Donneschdeg den 2. Mäerz huet an der Hal zu Stadtbredimus de Fuestraining stattfond fir déi allerjengst aus dem Club.

Et war e flotten Nomëtteg fir d'Kanner déi sech gutt amuséiert hunn a mat Léiw a Séil matgemaach hunn bei de Spiller.

En extrae Merci geet un d'Coache Sandy, Jacquie, Noémie a Lisa fir hiren Asatz.

Merci och de Mamme fir de ville Kuch.