Ganz Esch ouni Chance géint d'Pikes

Ganz Esch ouni Chance géint d'Pikes

Méi wéi 300 Leit waren e Freideg den Owend op Briedemes an d’Hal komm – an dierften dat och net bereit hunn. Zwee Deeg viru Chrëschtdag hunn d’Pikes-Dammen an d’Pikes-Hären nämlech kloer an däitlech géint de Basket Esch gewonnen. D’Damme mat 70:48, d’Häre mat 85:67. Fir d’Männer-Equipe war dat deen 11. gewonnene Match hannerteneen. Domat sinn d’Pikes och Hierscht-, Wanter-, Chrëschtdags- an Neijoschdagsmeeschter.



Den Häre-Match huet fir d’Pikes perfekt ugefaangen – no gudd véier Minutte ware si scho 14:6 vir. Allerdéngs hunn déi Escher et dunn – an och am weidere Verlaf vum Match – ëmmer nees fäerdeg bruet bäizekommen. Dat war gutt fir de Spektakel, huet awer näischt Entscheedendes un der Gronduerdnung geännert. Virun allem den Jarmar Gulley an de Jean Kox hunn ëmmer nees geäntwert an derfir gesuergt, datt déi Escher Hoffnunge bis zum Schluss Hoffnunge bliwwe sinn.



Am Match géint Esch hunn den Jarmar Gulley (28), de Jean Kox (25) an de Clancy Rugg (18) zesummen 71 vun am Ganze 85 Pikes-Punkte gemat. De Jarmar Gulley hat och nach en Double-Double durch seng 10 Rebondën.



DAMME MAT ENGER STAARKER ZWEETER HALSCHENT



Fir eng kleng-grouss Iwwerraschung hate virum Häre-Match schonn d’Pikes-Damme gesuergt. Si hunn hire Match géint de Basket Esch méi wéi kloer gewonnen. Datt et zum Schluss géing 70:48 stoen, hätt virum Match kaum ee virausgesot. Schliisslech waren an deene leschten Deeg bei de Pikes d’Problemer éischter méi grouss ginn. D’Tina Fehlen huet sech nämlech un enger Hand blesséiert a kann elo e puer Woche laang nët spillen.



Virun allem an der zweeter Halschent hunn d’Pikes e Freideg eng iwwerzeegend Leeschtung ofgeliwwert. Si hunn déi zwee lescht Véierelen nämlech mat 35:16 gewonnen – déi Escher Dammen hunn dee Moment vill mat den Arbitteren diskutéiert an iwwerdeems vergiess, Basket ze spillen.



Bei de Pikes hu fënnef Spillerinne gutt gescort: d’Akilah Bethel (20 Punkten), d’Cathy Schmit (13), d’Laure Diederich (12), d’Brielle Ward (9) an d’Irina Mazjoukhina (8).



Elo ass dann emol zwou Woche Paus. No der Chrëscht-Vakanz spillen déi zwou Pikes-Ekippen hir éischt Matcher am neie Joer géint Contern – e Samschdeg, de 7. Januar um 18.30 beziehungsweis um 20.30 Auer.