Generalversammlung 2020
Ronn 50 vun eise Memberen hunn gëschter Owend un der Generalversammlung vun de Musel Pikes deelgeholl.
No der Begréissung vum Präsident Stephane Chaumont, huet Simone Albert-Beissel den enormen Aktivitéitsrapport vun der Saison 19-20 mat de Klassementer vun all eisen Equippe virgestallt.
Dem Chris Dentzer säin detailléierten a positive Finanzrapport ass dono vum Keeserevisor Nico Vesque a vun der Assemblée approuvéiert gi.
Wéinst der momentan schwiereger Corona-Situatioun ass e Budget fir d'Saison 20-21 presentéiert ginn.
De Pit Ries huet de sportlechen Deel mat der Presentatioun vun de verschiddenen Trainere fir d'Saison 20-21 iwwerholl, woubäi och den neien Hären Head Coach John Dieckelman an engem Videomessage de Pikes eng erfollegräich Saison gewënscht huet.