INFOVERSAMMLUNG JUGEND

INFOVERSAMMLUNG JUGEND

Leschten Méindeg, den 14. November op der Informatiounsversammlung vum neien Jugendkoordinator DOMINIC DOERR hunn eis Traineren Jacques SITZ- Frank BAUM an Dominic DOERR den Elteren a Spiller hiert Konzept virun ronn 70 Leit virgestallt.



Et besteet haaptsächlech aus enger Basketballausbildung, enger Förderung vun den bestehenden Talenter an enger Zesummestellung vun den verschiddenen Equippen.



An de leschten Joren gouf gutt an engagéiert Aarbecht geleescht , dorop wëllen mir opbauen

Philosophie vun eisen Trainer ass fir d’Spiller a Spillerinnen ze forméieren, fir spéider an de Kader vun den éischten Equippen ze kommen, awer och déi Spiller a Spillerinnen déi Spaass um Basketball hunn an de Sprong fir an d’éischt Equippe net packen, de Musel Pikes ze erhalen an dem Club op iergendeng Aart ze hëllefen, sief et als zukünftegen Trainer oder als Arbitter.



Et gëtt probéiert Führungsspiller ze forméieren, awer op kee Fall Eenzelspiller. Et muss e Kollektiv entstoen wou een deen aneren ënnerstëtzt.



Dofir mussen awer och d’Elteren mathëllefen an hir Kanner ënnerstëtzen.

D’Pikes hunn mam Frank Baum an Dominic Doerr 2 Trainer mat enger A-Lizenz am Jongenberäich a mam Jacques Sitz am Meedecherberäich, déi souwuel sportlech an menschlech kompetent sin fir mat eiser Jugend ze schaffen.



Et brauch natierlech Zäit all dat ëmzesetzen an dofir bieden mir Iech dem Dominic als Jugendkoordinator e bësschen Zäit ze loossen sech an eisen System anzeschaffen fir seng Zieler ëmzesetzen.



Kommunikatioun ass do ganz wichteg.



Falls zwëschenduerch iergendwellech Froen oder Bemierkungen opkommen bieden mir Iech direkt Kontakt mam Dominic-Frank oder Jacques opzehuelen.



Dominic Doerr Email: dominicdoerr@aol.com GSM:00491753838730

Frank Baum Email:frank.baum2005@gmx.de GSM:004916098934053

Jacques Sitz Email: jsitz@pt.lu GSM: 621 249120



Desweideren sollt bei all Jugendequippe 1 Elteren-Responsabelen sech mellen fir dat Organisatorescht (Uniformen- Spillbou – Auer) ze regelen.



MUSEL PIKES – E STAARKT TEAM



Merci am Viraus fir Är Matarbecht

MUSEL PIKES