IRONMAN 70.3

IRONMAN 70.3

Léiw Pikes Memberen a Frënn,

den 9-11.Oktober ass den IRONMAN 70.3 zu Réimech a mir kënnen als Club do hëllefen.

Well mir jo am Summer keng Manifestatioun konnten organiséieren ass dat eng Geleeënheet fir e bëssche Suen an d'Kees ze kréien.

Dofir den Appell un Iech all fir eis eng Hand mat unzepaken. An der Annexe déi verschidde Plaze wou Leit gebraucht ginn.

Mellt Iech weg bis e Samschdeg de 5. September iwwert info@pikes.lu un. mat Numm - Gebuertsdatum - Adresse - email an Handysnummer an déi Plaz wou Iech arrangéiert . (mir kënnen awer net garantéieren datt och déi Plaz zeréckgehale gëtt)

Weider Infoe op    https://www.ironman.com/im703-luxembourg

Am Viraus villmools Merci fir Äert Engagement

Document(s)

Doc icon ironman70.3.pdf