Knapps geet ëmmer géint Contern

Knapps geet ëmmer géint Contern

95:92 a 70:67. An der Qualifikatioun hunn d’Pikes hir zwee Matcher géint Contern knapps gewonne gehat, deen éischten no Verlängerung an nodeems d’Pikes e Réckstand vun iwwer 20 Punkten opgeholl haten. Datt et nach eng Nummer méi knapps geet, hunn dem Frank Baum seng Spiller dëse Sonndeg bewisen.



Am éischte Playoff-Match géint Contern hu si nees missen an eng Verlängerung – an zum Schluss sollt tëschent deenen zwou Ekippe just ee klenge Pinktche leien. E séchere Fräiworf vum Laurent Schwartz huet Sekonne viru Schluss de Match entscheet. D’Pikes gewanne mat 98:97. No 40 Minutte stoung et 87:87.



Déi vill Zuschauer an der Hal zu Briedemes haten e Sonndeg dat, wat een en Déjà-Vu nennt. No 14 Minutte waren d’Pikes 13 Punkte vir, no 30 Minutte louchen tëschent hinnen an deene Conterner ëmmer nach bezéiungsweis nees 12 Punkten. Ëmmer nees ass et deene Conterner awer gelongen, d’Spill u sech ze räissen an de Réckstand opzehuelen. Statistesch huet dat sech virun allem an enger Zuel bemierkbar gemaach: D’Féierung huet 19mol changéiert.



Wichteg an entscheedend am Match e Sonndeg war awer och, datt d’Pikes erëm exzellent vun der Dräierlinn getraff hunn. Si hunn ëmmerhin 17 Dräier versenkt – Contern huet an där Kinneks-Disziplin just 12mol de Kuerf fonnt.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (33 Punkten), de Clancy Rugg (20) an de Laurent Schwartz (19).



EXZELLENTE WEEKEND FIR D’PIKES-DAMMEN



Méi wéi zefridde si kënne mat deem duebele Spilldag och d’Pikes-Dammen. Nodeem si e Freideg 76:54 zu Walfer gewonnen haten, hu si e Sonndeg deene Conterner keng Chance gelooss. No 40 Minutte stoung et 64:49. D’Pikes hunn an der Attack an an der Defense vun der éischter bis déi lescht Minutt iwwerzeegt.



Opgefall ass, datt déi zwou Amerikanerinne vun de Pikes emol eng Kéier voll on fire waren. Zesummen hunn d’Akilah Bethel an d’Shay Winton 46 Punkte gemaach an och nach 30 Rebondë gesammelt.



Den nächste Weekend da gëtt et aus Pikes-Sicht just ee grousse Rendez-Vous: E Samschdeg, 11. Mäerz spillen d’Pikes an der Coupe-Finale géint d’Amicale Steesel. De Match fänkt um 20.15 Auer an der Coque un.