Musel Pikes - Frank Baum

Musel Pikes - Frank Baum

De Frank Baum an d'Musel Pikes gin vun nächster Saison un getrennte Wéer.
 
No laangen Iwwerleeungen sinn déi 2 Parteien zur Konklusioun komm dass et besser wär no 9 erfollegräiche Joren d'Zesummenaarbecht anzestellen.
 
D'Musel Pikes sinn dem Frank Baum e grousse Merci schëlleg fir déi geleeschten Aarbecht an hoffen dat Bescht fir seng Zukunft. Mir ërenneren drun, dass d'Härenequipe ënner dem Frank Baum 5 Mol an der Finale vum Championnat stoung an 3 Mol Finaliste an der Coupe de Lëtzebuerg war. An der Ära Baum ass aus engem Ofstiegskandidat eng Spëtzenequipe ginn. 
 
Duerch seng gutt Jugendarbecht war et de Pikes méiglech, hir eege jonk Spiller an d'Härenequipe ze integréieren, an dodurch konnt d'Equipe ouni vill Transferten auskommen. 
 
 
De Comité , d'Spiller an d'Supporter vun de Musel Pikes wäerten de Frank Baum a gudder Erënnerung behaalen.   
 
A wien wees " ce n'est qu'un au revoir"?!
 
Mir sinn vun elo un aktiv ob der Sich no engem neie Coach fir den Hären an de Jugendberäich.