Musel Pikes Gréin 25 + 26 Juni 2016 zu Réimech

Musel Pikes Gréin 25 + 26 Juni 2016 zu Réimech

Léif Memberen vun de Musel Pikes!





D'Summerpaus ass wéi all Joer ganz wichteg fir de Veräin well mir béi enger ganzer Réi vun Manifestatiounen matmaachen fir eis Kees ze fëllen.



Als éischt Fest steet de GREIN zu Réimech um Programm : 25. an 26. Juni 2016



Et ginn vill Léit gebraucht déi eng Hand mat upaken.

An der Annexe de Schaffplang vun deenen 2 Deeg.



Dir kennt Iech aschreiwen iwwer Mail bei info@pikes.lu; oder nilhof@pt.lu; oder iwwer Telefon um 621 509176 oder 621 752364 .



Merci am Viraus.

Mat sportlechen Gréiss

De Comité vun de MUSEL PIKES