Pikes an der Finale!!!!

Pikes an der Finale!!!!

D’Musel-Pikes-Häre stinn an der Finall vun der Coupe – déi éischte Kéier no 2006. D’Pikes hunn e Samschdeg den Owend an der Coque mat 65:59 géint de Basket Esch gewonnen. Ronn 1500 Leit ware fir des Halleffinal vun der „Coupe Loterie Nationale“ op de Kiirchbierg komm.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (25 Punkten) an de Clancy Rugg (21 Punkten).



Och wann d'Pikes quasi de ganze Match vir waren, war et bis zum Schluss eng zimmlech enk Geschicht. Schon no véier Minutten haten sech d'Pikes beim Stand vun 9:2 eng éischte Kéier ofgesat. No 25 Minutte waren d'Pikes 44:33 vir, no 33 Minutten esouguer 12 Punkten - du stoung et 54:42.



All Mënsch huet gemengt, de Match wir entscheed. Allerdengs hunn déi Escher nach eng Kéier en neien Otem fond, an de Pikes hir Avance as séier geschmollt. Dräi Minutte viru Schluss waren déi Escher bis op dräi Punkten erukomm (51:54). Dunn hunn awer de Jarmar Gulley an den Tom Welter mat zwee Kierf d'Aueren erëm op en Neits richteg gestallt. Eng ganz Reih absichtlech Fehler vun deenen Escher konnten och näischt méi änneren, d'Pikes hunn e komplizéierten an awer och spannende Matach verdéngt mat 65:59 gewonnen.



D’Finale vun den Hären as den 11. Mäerz – och an der Coque. Do spillen d'Pikes géint d'Amicale. Déi Steeseler hunn - nët wirklech iwwerraschend - an der zweeter Haffeffinall mat 84:63 géint de Racing gewonnen.



Bei den Dammen kënnt et zu enger Finall tëschent der Amicale an dem Basket Esch.