Pikes Gréin Edition II

Pikes Gréin Edition II

An erëm e groussen Erfolleg um Gréin.
 
D'Pikes zesummen mat de Companeros soen deene ville Léit déi dëse Weekend um Gréin am Asatz waren e groussen Merci.
 
E speziellen Luef un d'Memberen an hier Frënn a Kollegen vum  Supporter Club Companeros déi mat ronn 30 Léit vill Aarbecht geleescht hunn.
 
Wann d'Pikes am Championnat déi selwecht Ënnerstëtzung vun hinnen kréien, da kann net vill schifgoen.