PIKES INFO

PIKES INFO

Am Numm vun eis all soe mir dem Max Hengel Merci fir dat wat hien fir de Veräin gemaach huet wärend all der Zäit wou hien am Comité a President war.

Hei ass elo déi nei Verdeelung vun de Chargen innerhalb vum Comité:

President:               Stéphane Chaumont
Vice-President:        Fränk Duhr
Secrétaire                Jean-Pierre Senninger
Caissier                   Chris Dentzer
Memberen               Marie Paule Nilles-Hoffmann  
                                Steve Weber

                        Christophe Donnersbach

                         

Als Comité soe mir all de Leit Merci déi an den eenzelen Kommissiounen matschaffen. Ouni si wär et onméiglech de Veräin an der Riicht ze halen.

Mir maachen awer och een Appell un all d'Memberen déi sech  méi engagéieren wëllen an derzou bäidroe wëllen dat déi vill Aarbecht ob e Maximum vun Schëlleren verdeelt gi kann.

Wann Dir gewëllt sidd eng zousätzlech Hand mat unzepaken fir dat de Veräin gutt funktionéiere kann mellt Iech bei engem Comiteesmember. All Hëllef ass wëllkomm an dréit derzou bäi dat et flott ass bei de Musel Pikes Basket ze spillen.  

Et ass och wärend dem Joer méiglech an de Comité derbäi ze kommen an dann bei der nächster Generalversammlung als Comitésmember bestätegt ze ginn.

Mat sportleche Gréiss.

De Comité vun de Musel Pikes