PIKES JUGENDKOMMISSIOUN GOES CHRËSCHTMOART

PIKES JUGENDKOMMISSIOUN GOES CHRËSCHTMOART

De 17. Dezember 2016 ass d’Jugendkommissioun mat engem Stand um Chrëschtmoart zu Réimech.



Vun 14.00 bis 21.00 Auer verkafe mir do Croque-Monsieur a Kürbiszopp, souwéi e waarme Pikes-Punch (mat an ouni Alkohol). Den Erléis vun dëser Aktioun kënnt integral eiser Jugend zou.

Mir wäre frou, wann dir d’Pikes-Jugend géift ënnerstëtzen an deen Dag um Krëschtmoart bäi eis laanscht kéimt.

Während är Kanner e puer Ronnen op där flotter Äispist dréien, kënnt dir jo bäi eis e klenge Maufel iessen oder Iech bäi engem Pikes-Punch e bëschen opwiermen.



D’Jugendkommissioun wënscht alle Memberen an hirer Famill elo scho ganz flott Feierdeeg an e gudde Rutsch.