Pikes neien Tabelle-Leader

Pikes neien Tabelle-Leader

„Stitt op, wann Dir Miseler sidd.“ Gutt sechs Minutte viru Schluss huet dese Sonndeg, 20. November 2016, am Lager vun de Pikes kaum nach een dru gezweiwelt, datt d’Pikes de Spëtzematch géint d’Amicale géinge gewannen. D’Stëmmung am Pikes-Lager war super an e bëssen huet dat Ganz un d’Finale vum leschte Championnat erënnert.



An der 34. Minutt also waren d’Pikes 17 Punkte vir (55:72). Virun allem awer war an deene Minutte virdrun ëmmer méi kloer ginn, datt dem Ken Diederich seng Spiller kee Mëttel géinge fannen géint d’Defense vun de Pikes an och net géint déi séier a gutt duerchgespillten Attacken.



D’Pikes hunn dëse Sonndeg vun der éischt bis déi lescht Minutt zu Steesel eng iwwerzeegend Leeschtung ofgeliwwert an de Match dunn och mat 83:73 gewonnen. Gläichzäiteg sinn d’Pikes och elo déi éischt an der Tabell – punktgläich mat der Amicale, mat Contern a mat Ettelbréck.



Mat entscheedend waren e Sonndeg – nees eng Kéier – déi gutt Leeschtunge vun dem Jarmar Gulley an dem Clancy Rugg. Déi zwee Amerikaner vun de Pikes hunn 32 beziehungsweis 17 Punkte gemat. Am Géigesatz dozou sinn déi zwee Amerikaner vun der Amicale zesumme just op 33 Punkte komm. Gutt gescort hu bei de Pikes ausserdeem nach de Jean Kox (13), den Tom Welter (13) an de Christophe Donnersbach (8). Den Jarmar Gulley an de Clancy Rugg haten dobäi och nach allen zwéin en double-double.



De leschte Match vun der Hi-Ronn ass den nächste Samschdeg, 26. November zu Briedemes. Um 20.30 Auer spillen d’Pikes da géint Bascharage.