Pikes Ouschterkado

Pikes Ouschterkado

Pikes Ouschterkado:

Wéi eis Sponsoren ënnert der Krise léiden bleiwen och d'Pikes net verschount a kréien héchstwarscheinlech grouss finanziell Verloschter.

Bis elo kann nach kee soen op iwwerhaapt e Gréin, Pikes Camp a Picadilly kann ofgehale ginn, wat bis elo am Summer eis Haaptevenementer waren a sinn.

Dunn koum de Moien den Ouschterhues dee folgende Message vum Jean Kox (Kapitän) bruecht huet:

"Mir vun de Pikes Hären hunn zwar den Ament eng méi länger Paus, trotz allem suerge mir eis em eise Veräin a wëllen e beschtméiglech an dëse schwéieren Zäiten ënnerstëtzen. Dofir hu mir als Equipe an Trainer beschloss, en Don vun 1000 Euro un de Club ze maachen.
Duerch dëse Geste maache mir gären e klengen Appell un all eis Supporter déi sech och mat de Pikes identifizéieren.

All Geste hëlleft dem Veräin, sech op déi nächst Joer(en) kënnen ze preparéieren, an dowéinst si mir op d'Hëllef vu jidderengem ugewisen. #pikepride "

De Comité seet den Hären elo schonn e grousse Merci fir dee super Geste.

Dir huet leider d'Chance geholl kritt fir Iech 2 Titelen dëst Joer ze erspillen, mee fir eis sidd Dir eis Champion'en

Bleift all gesond an hoffentlech geschwënn rëm op dem Basketballterrain.

All weidern Do ass wëllkomm:
BIL IBAN LU17 0020 1252 3400 0000