Pikes verléiere ganz knapps géint Steesel

Pikes verléiere ganz knapps géint Steesel

Dat hätt kënnen duegoen. Virun allem an der zweeter Halschent hunn d'Pikes e Sonndeg zu Briedemes ganz gudd géint den Tabelleleader Steesel gespillt. An dach hu si de Match verluer - ganz knapps, mat 64:66.



Déi Nidderlag as virun allem op ee schwaacht éischt Véierel zréckzeféieren, an deem Steesel eng Avance vu 15 Punkten erausgespillt hat. An deem Véierel haten d'Pikes och einfach kee Schossgléck.



Däitlech besser as et duerno gelaf. D'Pikes hunn déi aner dräi Véierele gewonnen - mee leider huet zum Schluss Steesel eng Puets méi Chance gehat wéi d'Pikes.



Déi meeschte Punkten hunn e Sonndeg dem Jarmar Gulley (18), de Jean Kox (13) an de Clancy Rugg (11) geschoss.