Pikes Vizechampion

Pikes Vizechampion

Deen alen ass och deen neie Lëtzebuerger Basketsmeeschter. An der drëtter Finall huet sech d’Amicale e Sonndeg den Owend zu Steesel géint d’Musel Pikes knapps duurchgesat.



No 40 Minutte stoung et 79:74 fir déi Steeseler. Wéi d’lescht Joer schléissen d’Pikes domatt och des Saison als Vizechampion of.



E Sonndeg hu si zu Steesel ähnlech gutt wéi e Freideg zu Briedemes gespillt – zum Schluss vum Match hat Steesel awer e bësse méi Chance an och eng besser Chanceverwärtung.



Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn den Jarmar Gulley (33), de Clancy Rugg (20) an de Laurent Schwartz (10) geschoss.



Och wann d'Pikes e Sonndeg verluer hunn, war des drëtt Finall awer e richtegen Héichpunkt vun enger fantastescher Saison!