PRESSEMATDEELUNG : STEPHAN VÖLKEL = neie Pikes Head Coach

PRESSEMATDEELUNG : STEPHAN VÖLKEL = neie Pikes Head Coach

D'Musel Pikes hunn mam " STEPHAN VÖLKEL " en neien Head Coach fir d'Härenéquippe fonnt

De Stephan ass 47 Joer al a kënnt vun Hagen wou hien als Spiller an Trainer seng Karriär ugefaangen huet.

Hien war vun 1998-2005 als Jugendtrainer bei Brandt Hagen a beim Westdeutschen Basketballverband täteg an dono als assistant coach bei verschiddenen Pro A an Beko-BBL Mannschaften.

Bei de Pikes ass hien och nach als "sportlicher Leiter" fir d'Pikes Jugend zoustänneg.

Hien stellt an Zesummenaarbecht mat de jeeweilegen Jugendtrainer e sportlecht Konzept fir all Alterskategorien op, a kann duerch seng laangjäreg Erfarung eisen Jugendtraineren déi néideg Coaching-Formatioune ginn.