Sparta a Contern goufen zervéiert

Sparta a Contern goufen zervéiert

T. Schomer, T. Nesser, C. Nesser, P. Albert, J. Kalmes – dat waren déi fënnef Spiller, déi e Freideg den Owend am Centre Atert zu Bartréng fir d’Pikes de Match géint d’Sparta op en Änn bruet hunn.



Wéi si kurz no 22 Auer vum Terrain gange sinn, stung op der Tafel e kloert Resultat: Mat 108:82 hunn d’Pikes de Match gewonnen. D’Spiller aus dem Starting Five haten no an no a scho lang virun der Schluss-Siren op der Bänk Platz geholl. E bëssen Erhoulung schued näischt – schliesslech geet et dese Sonndeg mam Match géint d’Amicale an enger anerer Blut-Grupp weider.



Allerdéngs war de Match géint d’Sparta op d’manst an der éischter Halschent nët esou kloer wéi een dat opgrond vum Endresultat kéint unhuelen. Och zu Bartréng as et e Freideg nees en „Déjà-vu“ ginn. No 10 Minutte waren d’Pikes 25:18 vir an um séchere Wee. Am zweete Véierel huet d’Sparta dunn awer irgendwéi an d’Spur zréckfond, déi Bartrénger hunn e 16:0 gezaubert an an der Halschent war d’Welt aus Pikes-Sicht nees liicht op der Kopp: Et stoung 45:44 – fir d’Sparta.



Dee Moment hat d’Sparta awer schon de Grondsteen fir hiren eegenen Ënnergang geluet. Kurz virun der Paus huet den Dan Gindt sech ënner dem Kuerf – "völlig ohne Not" – mam Laurent Schwartz ugeluet a séch zimmlech dernieft beholl (kuckt de Video op der Facebook-Säit vun de Pikes).



Dee Freistil-Techtelmechtel hunn d’Arbitteren no enger kurzer Tripartite mat zwee Fehler géint den Dan Gindt sanktionéiert. Dunn hat hien der scho véier an huet missen eng lang Zäit vum Stull aus op den Terrain kucken. Bei Bartréng as nët méi vill zesummegelaf. De Räscht war eng einfach Saach, d’Sparta huet an der zweeter Halschent kee Fouss méi op de Buedem kritt an de Joe Kalmes huet schon véier Minutte virum Schluss mat engem gepflegtenen Dräier den Honnerter vollgemat. Domatt sinn d’Pikes elo sécher an definitiv am Final Four.



Bäscht Scorer zu Bartréng waren de Clancy Rugg (27 Punkten), de Jarmar Gulley (25), den Tom Welter (17), de Laurent Schwartz (10) an de Jean Kox (10).



Gudd Norichte sinn e Freideg den Owend awer och vu Contern komm. D’Pikes-Dammen hunn hire Match géint Contern zimmlech iwwerraschend an zimmlech kloer mat 70:57 gewonnen an hunn elo nach eng – allerdengs kleng - Chance an de Final Four ze kommen. Virun allem am éischte Véierel (6:21) an am läschte Véierel (11:25) hunn d’Pikes-Dammen iwwerzeegt.



Zanter d’Chrissy Fisher nees matspillt, hunn d’Pikes en zweeten Otem. D’Chrissy huet géint Contern dann och en Double-Double gemat: 12 Punkten an 11 Rebondsën. Gudd getraff hunn och nach d’Kayla Woodward (18 Punkten), d’Cathy Schmit (16) an d’Carole Sitz (11 Punkten).



Dëse Sonndeg geet et da weider zu Briedemes mat zwee Matcher géint d’Amicale. D’Damme spillen um 16 Auer, den Häre-Match fänkt um 18 Auer un.