Super Finale - knapp verluer

Super Finale - knapp verluer

Leider ass et net duergaang. D’Musel Pikes hunn e Samschdeg den Owend an der Coupe-Finale géint d’Amicale Steesel verluer. No 40 Minutte stoung et 74:68 fir Steesel. Et war eng ganz gutt a bis an dee leschte Véierel extrem spannend Final.



Ronn 3600 Leit waren an d’Coque komm, fir bei dësem éischten Héichpunkt vun der Basketsaison derbäi ze sinn. E groussen Deel vun de Fans ware vun der Musel – dat huet ee virun allem un deene ville rouden T-Shirten, rouden Hiemer, roude Schalen a roude Schong gesinn. Nees eng Kéier hunn d'Companeros fir eng Super-Stëmmung gesuergt.



Fir d’Pikes hat des Final exzellent ugefaangen. Den éischte Véierel hu si mat 17:9 gewonnen. Eréischt no enger Véierelsstonn as d’Amicale an de Match erakomm an huet sech bis an d’Paus op ee Punkt erugeschafft (32:33). Och am drëtte Véierel ass de Match enk bliwwen, keng vun deenen zwou Ekippe konnt sech entscheedend ofsetzen. D’Pikes waren och no 30 Minutten nach ëmmer vir (49:52).



Duerno sinn allerdéngs e puer Schëss net era gaangen an déi Steeseler hu sech – ënner dem Impuls vun engem exzellente Samy Picard – ewech gemaach. Dee Moment huet d’Amicale déi wichteg Kierf getraff, bei de Pikes ass et net méi richteg ronn gedréit. Et ware Klengegkeeten – mee déi waren entscheedend.



Mat entscheedend war awer an dësem Match och een opfalend Ongläichgewiicht: D’Amicale huet 20 Punkte vun der Fräiworflinn gemaach – d’Pikes just 5. Géint d’Pikes sinn 21Fehler gepaff ginn, géint d’Amicale waren et der 12.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (22 Punkten), den Clancy Rugg (16) an de Jean Kox (16).