Telstar-Amerikanerinnen zerwéieren d‘Pikes

Telstar-Amerikanerinnen zerwéieren d‘Pikes

Fënnef Deeg, nodeems d’Pikes-Dammen iwwerraschend géint d’Amicale Steesel gewonnen haten, hu si genee esou iwwerraschend géint den Telstar Hesper verluer. No 40 Minutte stoung et e Freideg den Owend an der Hal zu Réimech 65:79.



Nach e bësse méi iwwerraschend war d’Manéier, wéi déi Hesper Dammen dëse Match gewonnen hunn. D’Pikes hunn an deenen dräi éischte Véierelen esou ze soe kee Fouss op de Buedem kritt. Déi Hesper waren ëmmer een Tick méi séier.



Den Ënnerscheed hunn awer virun allem hir zwou Auslännerinnen ausgemat: Vun deenen 79 Hesper Punkte sinn der ëmmerhin 60 op de Kont vum T. Booker an dem T. Cannon gaangen. Do konnten déi zwou Amerikanerinne vun de Pikes net mathalen. Mat zesumme just 21 Punkten si si emol net an de Schied vun deene séieren a technesch verséierten Amerikanerinne vun Hesper komm.



Bei de Pikes hunn e Freideg just d’Akilah Betheln (18) an d’Cathy Schmit (16) méi wéi 10 Punkte geschoss.



Hiren nächste Match spillen d’Pikes-Dammen schonn e Sonndeg, de 4. Dezember um 19.15 Auer zu Walfer géint d’Résidence.