Waasserspender a Bio Bidon'en fir d'Pikes
Nodeems de Waasserspender vun der Gemeng Stadtbredimus an der Sportshal "Jeannot Bonifas" installéiert ginn ass, sinn d'Scolaires Jongen déi éischt Equippen déi hir BIO-Bidon'en iwwerreecht kritt hunn.
D'Agence Immobilière R.I.E vu Lëtzebuerg huet dës Bidon'en fir de ganze Veräi gesponsert. E grousse Merci dofir.
Ab elo soll dann all Spiller an all Equippen säin eegene Bidon'en matbrénge fir sech d'Waasser anzefëllen. (op Training oder Match).
Der Gemeng Stadtbriedemes e grousse Merci fir dës Installatioun.
D'Pikes an d'Gemeng fir d'Ëmwelt