Wann et em näischt méih geet

Wann et em näischt méih geet

Scho virum läschte Spilldag vum Playoff, waren d’Eckdate bekannt. An den Halleffinale spillen d’Pikes géint den T71. Grouss Spannung konnt ee séch deemno nët onbedéngt vum läschte Playoff-Match erwaarden – ëmsou méi, wou jo an deem den T71 an d’Pikes openee getraff sinn a kee séng Kaarten op den Dësch wollt leeën.



An esou wor et dann och e Samschdeg éischter e besseren a virun allem risikofräien Trainingsmatch , deen d’Leit zu Diddeléng geboude kritt hunn.



No 40 zimmlech onspektakuläre Minutte stung et 90:75 fir den T71. D’Pikes waren tëschenduerch souguer 27 Punkten hannen, hunn dunn awer am läschte Véierel e bëssen opgedréiht an dee Véierel och mat 28:21 gewonnen.



Eng Schrecksekonn gouff et fir den T71 an der zweeter Halschent: Den D. Stephens huet sech um Fouss blesséiert an huet dunn och nët méi weidergespillt.



Bei de Pikes sinn e Samschdeg véier Spiller iwwer zeng Punkte komm: de Clancy Rugg (21), de Jean Kox (18), den Jarmar Gulley (13) an den Joe Kalmes (12).



Nom Samschdeg steet och fest, datt an der zweeter Hallefinal d‘Amicale géint Ettelbréck spillt. Zu Steesel huet d’Etzella nämlech e mëttelméissegt Wonner fäerdech bruet a mat 85:76 gewonnnen.



Fir d’Pikes-Dammen as d’Saison 2015/2016 mat enger Victoire op en Änn gangen. Si hunn e Samschdeg zu Diddeléng mat 71:62 géint den T71 gewonnen. Et war och dee läschte Match vum Erny Gruskovnjak als Coach vun der Dammenéquipe.



Bäscht Scorer bei de Pikes waren d’Chrissy Fisher (21 Punkten), d’Kayla Woodward (21 Punkten) an d’Cathy Schmit (15 Punkten).



Déi éischt Halleffinal vun den Hären as e Samschdeg, 23. Abrëll um 20.30 Auer zu Diddeléng. Déi zweet gët e Mëttwoch, 27. Abrëll - um 20 Auer (!) - zu Briedemes gespillt. En eventuellen drëtte Match as dann e Samschdeg, 30. Abrëll um 20.30 Auer zu Diddeléng.