Am Joer 1937 hun zu Ohn e puer sportbegeeschtert jonk Männer de BBC Palma Ahn an d'Liewen geruff, deen sech am Laaf vun de Saisons'en en Numm an der Basketswelt gemaach huet, och wann et nët fir e ganz groussen Succès duergang ass.
1967 ass nët wäit eweg vun Ohn, zu Stadtbriedemes e weideren Basketsveräin op der Musel gegrënnt gin, deen sech och ganz séier zu engem Traditiounsclub erop gespillt huet. An deenen Jooren dono hun vill spannend Derby'en stattfond, bei deenen souwuel d'Ecluse wéi och de Palma Ohn emol als Gewënner vum Terrain konnte goen. 1976 ass aus der Damenéquipe vun der Ecluse Stadtbredimus de Veräin Rief Remich ervir gaang. Domatt sin et 3 Basketveräiner an der Muselgéigend gin, déi emol méi an emol manner virbäi mattgespillt hun. Fir e richteg groussen Titel ass et awer nët duergaang.
Noom Motto „zesumme sin mir staark“ ass d'Idee vun enger grousser Fusioun entstaan. Am Joer 2000 sin d'Ecluse Stadtbredimus an d'Rief Remich erëm zu engem Veräin mam Numm „Musel Pikes“ zesummegewuess. D'Musel Pikes wéi mir se haut kennen, gin et säit 2004 wéi och Palma Ohn dozou gestouss ass.
Wann een freed ob d'Fusioun en Succès war, brauch een just e Bléck op de Palmarès vun de Musel Pikes ze geheien: Hären Coupegewënner 2004, Damen Champion 2005, 2010 , 2011, 2013 an 2014 an och Coupegewënner 2007, 2008, 2010 an 2013.
Am Joer 2008 stongen eis Damen an Hären A an alle 4 Finalen vum letzebuerger Basketschampionat. Eng Leeschtung déi net ze toppen as.
Eis Härenequipe huet 5 Mol der Finale vun der Coupe de Letzebuerg an der Coque gespillt 2003, 2004, 2005, 2006. Am Joer 2008 hun d’Pikes géint d’Etzella virun méi wéi 5000 Spectateuren (Rekord fir Haalensport zu Letzebuerg) gespillt.
All deenen Spiller, Memberen a Frënn vun deenen 3 fréiheren Veräiner an elo vun de Musel Pikes wëll ech e groussen Merci soen fir all daat waat si an de leschten 75 Joer fir de Basket op der Musel gemaach hun. Mir sin haut een vun de gréissten Veräiner an der Régioun, matt ville Jugendspiller, an si fest an den ieweschten Divisiounen établéiert.